Dr Jim Braun
HausdokterHausdokter mat Häerz a Séil, passionéiert vu sengem Beruff an intresséiert un alle Beräicher vun der Medezin a beméit ëm d'Gesondheet vu Mënsche vun all Alter. Zu Lëtzebuerg forméiert an néiergelooss zu Téinten zënter 2024.
- Lëtzebuergesch
- Franséisch
- Däitsch
- Englesch

Medezinesch Ausbildung
Grondausbildung:
Medezinstudium 1 Joer op der Uni Lëtzebuerg
Medezinstudium 5 Joer op der Uni Stroossbuerg
Spezialisatioun an der Allgemengmedezin zu Lëtzebuerg
Thees op der Uni Lëtzebuerg an op der Uni Nanzeg zum Thema: Behandlung vum akuten Asthma bei Kanner
Zousazausbildung:
Sports-Medezin an -Traumatologie: Theoretesch Formatioun (DIU Grand-Est)
Pediatrie: Theoretesch Formatioun (DIU Grand-Est)
Ultraschall-Diagnostik: Praktesch an theoretesch Basis-Formatioun
Reegelméisseg Weiderbildung zu diversen Themen a verschiddene Länner
Besonnesch Interessen:
Pediatrie
Handicap
Sports-Medezin
Kleng Chirurgie an akut Wonnen
Preventioun
Affiliatiounen:
Garden: Maison Médicale Ettelbréck an Altersheemer am Secteur Miersch
Medezinesch Betreiung vum Foyer Atert, De Parc (CHNP)
Member vum Comité vum Cercle des Médecins Généralistes
Memberschaften/Anerer: Association luxembourgeoise de formation médicale continue (ALFORMEC), Collège médical, Association des Médecins et Médecins-Dentistes (AMMD), Association Luxembourgeoise des Médecins en Voie de Spécialisation (ALMEVS)