Dr Kelly Glaesener
HausdokterDoktesch aus Iwwerzeegung a bestriewt zesumme mat hire Patienten déi bescht Léisung fir gesondheetlech Problemer ze fannen. Néiergelooss zu Tënten am Joer 2024 no 3 Joer Spezialisatioun hei am Land an engem Joer Schaffen am Éislek.
- Lëtzebuergesch
- Franséisch
- Däitsch
- Englesch

Medezinesch Ausbildung
Grondausbildung:
6 Joer Medezinstudium Uni Lëtzebuerg a Stroossbuerg
Spezialisatioun an der Allgemengmedezin zu Lëtzebuerg
Thees op der Uni Lëtzebuerg an op der Uni Stroossbuerg zum Thema: Niewewierkunge vun de Fluoroquinolonen
Zousazausbildung:
theoretesch Basis-Ausbildung an der Dermatoskopie
Weiderbildung an der Sportsmedezin an Traumatologie (DIU Médecine et Traumatologie du Sport)
Weiderbildung an der Pediatrie (DIU Santé de l'Enfant)
praktesch Initiatioun an der abdominaler Ultraschall-Diagnostik
Besonnesch Interessen:
Hautkrankheeten
Proktologie
Affiliatiounen:
Garden: Maison Médicale Ettelbréck
Member vum Comité vum Cercle des Médecins Généralistes
affiliéiert bei der Association luxembourgeoise de formation médicale continue, Collège médical, AMMD